Zesummen een Tour maachen, d’Natur genéissen, sech kenneléieren, sech austauschen.
Jiddereen ass wëllkomm, op eisem éischte rollstullgerechte “Walk ‘n Talk” Tour. Also, bréngt Är Famill oder Frënn mat, a loosst eis zesummen ee flotte Moien an der Natur verbréngen.
De Circuit huet 2-3 Km an dauert ongeféier eng Stonn.
Rendez-vous um Parking Schlass Pesch, an der rue Jean Majerus, beim Fussballterrain.
Mellt Iech w.e.g bis den 1 Oktober 2021 iwwer www.bit.ly/alan-walk-talk un.