Zesummen een Tour maachen, d’Natur genéissen, sech kenneléieren, sech austauschen.
Jiddereen ass wëllkomm, op eisem zweeten rollstullgerechte “Walk ‘n Talk” Tour. Also, bréngt Är Famill oder Frënn mat, a loosst eis zesummen ee flotte Moien an der Natur verbréngen.
De Circuit huet 4 Km an dauert ongeféier annerghallef Stonn.
Rendez-vous um Parking vun der Gemeng : 474, Route de Thionville, L-5886 Hesperange
Mellt Iech w.e.g bis den 5 November 2021 iwwer www.bit.ly/alan-walk-talk un.