D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht, fir säin Team ze verstäerken, een
Assistant social /Assistant d’hygiène social (m/w)
CDI (30-40 St/W)
Engagement no der CCT SAS
Är Missiounen :
- Berodung a Begleedung vu Persoune/Famillje mat enger rarer Krankheet
- Suivi a Gestioun vun den Dossieren
- Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich
- Bedeelegung un internen a nationalen Projeten
- Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team
Äre Profil :
- Autorisatioun fir als Assistant(e) (d’hygiène) social(e) zu Lëtzebuerg ze schaffen
- Minimum 3 Joer Beruffserfarung am medezinesch-soziale Beräich zu Lëtzebuerg ass erwënscht
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
- Organisatiounssënn an Autonomie
- Führerschäin Klass B
Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze bis den 23ten Juni 2025 un: Gwennaëlle Crohin, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder gwenn.crohin@alan.lu
Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).