diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)

Jobs

diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)

D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht,

fir ee Congé de maternité/parental ze ersetzen, een

diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)

CDD (30-40 St/W) vun November 2024 bis November 2025

Engagement no der CCT SAS

 

Är Missiounen :

  • Berodung a Begleedung vu Persoune/Famillje mat enger rarer Krankheet
  • Suivi a Gestioun vun den Dossieren
  • Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale-psychologesche Beräich
  • Bedeelegung un interne Projeten
  • Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team

 

Äre Profil :

  • Autorisatioun fir als diploméiert(e) Psycholog(in), respektiv Psychotherapeut(in), zu Lëtzebuerg ze schaffen
  • All zousätzlechen Diplom an der Therapie ass vu Virdeel
  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Gudde Kontakt mat de Leit, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
  • Organisatiounssënn an Autonomie
  • Führerschäin Klass B

 

Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenzen un: Daniel Theisen, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder daniel.theisen@alan.lu

 

Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).

Get in touch if you have questions or need support
About ALAN