Assistant social /Assistant d’hygiène social (m/w)

Jobs

Assistant social /Assistant d’hygiène social (m/w)

D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht, fir säin Team ze verstäerken, een

Assistant social /Assistant d’hygiène social (m/w)

CDI (30-40 St/W)

Engagement no der CCT SAS

 

Är Missiounen :

  • Berodung a Begleedung vu Persoune/Famillje mat enger rarer Krankheet
  • Suivi a Gestioun vun den Dossieren
  • Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich
  • Bedeelegung un internen a nationalen Projeten
  • Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team

 

Äre Profil :

  • Autorisatioun fir als Assistant(e) (d’hygiène) social(e) zu Lëtzebuerg ze schaffen
  • Minimum 3 Joer Beruffserfarung am medezinesch-soziale Beräich zu Lëtzebuerg ass erwënscht
  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
  • Organisatiounssënn an Autonomie
  • Führerschäin Klass B

 

Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze bis den 23ten Juni 2025 un: Gwennaëlle Crohin, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder gwenn.crohin@alan.lu

Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).

Get in touch if you have questions or need support
About ALAN